AUTO-ECOLE FERNAND

F - Trakter

Mam Traktersführerschäin kënnt Dir fueren:
Bis 18 Joer:
-Trakter bis 40 km/h
-Aarbechtsmaschinn bis 600 kg an 25 km/h
-50 Kubik (Dir musst keng extra Formatioun maachen)

Ab 18 Joer:
-Trakter, och méi séier wéi 40 km/h
-Aarbechtsmaschinn bis 12000 kg
-50 Kubik (Dir musst keng extra Formatioun maachen)

Mindestalter:
15 1/2 Joer

Ausbildung:
-Theorie: 12 Stonnen + Examen
-Praxis: Wann Dir den Theoriesexamen gepackt hutt, kënnt Dir eleng op der Strooss fueren. Dir gitt dann no enger Zäit an de prakteschen Examen geruff. Dir musst keng Fuerstonnen maachen.

Präisser:
-Theorie: 180€ fir d'Aschreiwung, Theorie, Examen & Steiertimber

Pabeieren fir d'Umeldung:
-Ënnerschrëft & Ënnerschrëft vun engem Elterendeel op der Demande (bäi der Umeldung an der Fahrschoul)
-Certificat médical (net méi al wéi 3 Méint)
-Passfoto
-Kopie Carte d'identité
-Kopie Carte d'identité vun engem Elterendeel
-Ausbildungsversëcherung (assurance d'apprentissage) fir den Trakter

Bäi weidere Froen, zéckt net eis unzeruffen: +352 691 735 189 / +352 621 168 032