AUTO-ECOLE FERNAND

C - Camionsführerschäin

Mam C Führerschäin kënnt Dir fueren:
-Camion iwwer 3500 kg (m.m.a.)
-Aarbechtsmaschinn iwwer 12000 kg
-Remorque bis 750kg (m.m.a.)

Mindestalter:
18 Joer & Autosführerschäin

Ausbildung:
-Theorie: 6 Stonnen + 4 Stonnen Mécanique + Examen (Wann dir schon e Busführerschäin hutt, musst Dir keng Mécanique maachen)
-Praxis: 14 Stonnen + Examen (10 Stonnen + Examen, wann Dir schon e Busführerschäin hutt)

Fir d'Ausbildung um Camion, bidde mir eng manuell an eng automatesch Schaltung un. Dir dierft duerno awer ëmmer och manuell Schaltungen fueren.

Präisser:
-Theorie: 150€ fir d'Aschreiwung, Theorie, Examen & Steiertimber
-Praxis: 92€ /Stonn (Examen 129€)

Pabeieren fir d'Umeldung:
-Ënnerschrëft (bäi der Umeldung an der Fahrschoul)
-Certificat médical (net méi al wéi 3 Méint)
-Passfoto
-Kopie Carte d'identité

Bäi weidere Froen, zéckt net eis unzeruffen: +352 691 735 189 / +352 621 168 032
  • Stacks Image 7
  • Stacks Image 8
  • Stacks Image 9
  • Stacks Image 13