AUTO-ECOLE FERNAND

D - Busführerschäin

Mam D Führerschäin kënnt Dir fueren:
-Bus mat méi wéi 9 Platzen
-Remorque bis 750kg (m.m.a.)

Mindestalter:
21 Joer & Autosführerschäin

Ausbildung:
-Theorie: 6 Stonnen + 4 Stonnen Mécanique + Examen (Wann dir schon e Camionsführerschäin hutt, musst Dir keng Mécanique maachen)
-Praxis: 16 Stonnen + Examen (10 Stonnen + Examen, wann Dir schon e Camionsführerschäin hutt)

Fir d'Ausbildung um Bus, bidde mir eng automatesch Schaltung un. Dir dierft duerno awer ëmmer och manuell Schaltungen fueren.

Präisser:
-Theorie: 150€ fir d'Aschreiwung, Theorie, Examen & Steiertimber
-Praxis: 98€ /Stonn (Examen 140€)

Pabeieren fir d'Umeldung:
-Ënnerschrëft (bäi der Umeldung an der Fahrschoul)
-Certificat médical (net méi al wéi 3 Méint)
-Passfoto
-Kopie Carte d'identité

Bäi weidere Froen, zéckt net eis unzeruffen: +352 691 735 189 / +352 621 168 032
Stacks Image 5